Nach eng Ernie...
...dës Kéier fir mech selwer.
Ech war schockverléift an dee Stoff mat de Pimpampelen, an nodeems dee Schnëtt vun där schwaarzer Slingbag mir sou gutt gefall huet, hunn ech mir och esou eng domat gebitzt.
Ech hunn e mat engem taupe faarwenem Konschtlieder kombinéiert.
Passend dozou hunn ech nach ee ganz klenge Portemonnaie gebitzt, dee passt zur Nout och an d'Boxentäsch.
Béid Schnëtter (Ernie an Irma) vun @DorfkindSina.
Ernie
Dës Crossbody oder Slingbag Posch ass perfekt fir den Alldag oder fir ee City-Trip.
Mat hirer Gréisst vun +/- 20cm x 30cm x5cm passt dat Néidegst dran, souguer eng 0,5l Drénkfläsch passt dran.
D'Haaptfaach gëtt mat enger Tirette zougemaach, dat klengt Faach virdrop mat Tirette an Drockknapp.
Schnëtt: Slingbag Ernie vun @DorfkindSina
ohRonni
Dës Posch hunn ech fir eng léif Aarbechtskolleegin gebitzt.
D'Stëffter huet hatt sech selwer rausgesicht.
Ech wënsche vill Freed domat :)
Schnëtt ohRonni vun @ohMeela
Sling Bag Malea
Dëse Schnëtt ass vun @unikati.
D'Posch gëtt queesch iwwer eng Schëller gedroen.
Si ass aus engem wattéierte Steppstoff, souwéi engem Dekostoff a rout-natur-gold-Téin gebitzt.
Gréisst: 46x30x6 cm