Ee flotte Kannerrucksak mat engem ganz léiwe Stoff.
Ee flotte klenge Rucksak mat ganz ville Gefaacher a Klappe bannendran.
Fir méi Detailer kuckt wgl. op menger Instagram Säit.
Ee flotte grousse Rucksak no engem Schnëtt vun DorfkindSina.
Aus Konschtlieder an engem Outdoorstoff.
Dës Posch kann entweder iwwer d'Schëller oder als Rucksak gedroe ginn.
Gréisst: +/- 30 x 30 x 8 cm
Si gëtt mat enger Tirette an zousätzlecher Klapp zougemaach.
Virdrop sinn 2 Tirettefächer.
Bannendran sinn ee Stiechfaach an een Tirettefaach.
Schnëtt: Bag Aegir vun @ge_naeht
Ech hat mech getraut fir mech bei Instagram fir ee Proufbitzen ze bewerben ;)... a sinn ugeholl ginn.
Et war eng spannend Erfahrung a well ech gutt Zäit hat, hunn ech 4 verschidde Variante vum Rucksak Calla gebitzt: aus gielem Konschtlieder, aus Canvas a festem Poschestoff, aus Samett a Canvas an zu gudder lescht hunn ech nach een aus enger aler Jeans gebitzt(mäi Favorit;)).
De Rucksak ass ca 23x30 cm grouss a kann och als Posch gedroe ginn. En huet baussen a bannen een Tirettëfaach, bannen eng Trennwand mat nach engem Astiechfaach.
Schnëtt: Rucksack Calla vu @mikadoroo
Dës Kéier an engem flotte schwaarze Blummestoff.
De Rucksak ass grouss genuch fir bei engem Citytrip dat Néidegst dobäi ze hunn. En ass aus Konschtlieder a Kotténg gebitzt a mat Vlies verstäerkt. E gëtt mat enger Tirette zougemaach an zousätzlech ass un der Klapp nach ee Magnéitknapp.
Bannen dran ass ee Faach fir eng 0,5L - Fläsch dran ze stiechen, ee klengt Stiechfaach, ausserdeem huet e baussen a bannen nach een Tirettëfaach.
Gréisst: 27cm x 20cm x 12cm
Schnëtt: Paulchen vun @Dorfkind Sina
Bei dësem Rucksak gefält mer besonnesch d'Faarfkombi vu Khaki, altrosa a mint.
De Rucksak ass ca 25x25x14 cm grouss
Schnëtt: Tasche "Klapp auf" vu @shesmile
Dat ass den Numm vun dësem léiwe klenge Rucksak.
En ass perfekt fir Kanner awer och fir Erwuessener, well en ass grouss genuch fir bei engem Citytrip dat Néidegst dobäi ze hunn.
En ass aus Konschtlieder a Kotténg gebitzt a mat Vlies verstäerkt. E gëtt mat enger Tirette zougemaach an zousätzlech ass un der Klapp nach ee magnéitescht Schlass mat engem spezielle Mechanismus.
Bannen dran ass ee Faach fir eng 0,5L - Fläsch dran ze stiechen, ee klengt Stiechfaach, ausserdeem huet e baussen a bannen nach een Tirettëfaach.
Gréisst: 27cm x 20cm x 12cm
Schnëtt: Paulchen vun @Dorfkind Sina