Hei déi grouss Variant vun der Bauchposch "Tasche voll Glück"
Si ass ca 34x19cm grouss, huet ee grousst Haaptfaach, hannen een Tirettëfaach a virdrop nach ee Faach ënnert enger Klapp verstoppt.
Schnëtt: Tasche voll Glück vun @lotteundludwig
Hei ass déi kleng Variant vun dëser flotter Bauchposch. Si huet ee grousst Haaptfaach, hannen een Tirettefaach a fir nach ee Klappfaach.
Si ass mat hirer Gréisst vun ca 26x12 cm nach grouss genuch fir souguer niewt allem Wichtegen och nach eng kleng Drénkfläsch mat virun ze huelen.
Schnëtt: Tasche voll Glück vun @lotteundludwig
Dëst ass eng ganz einfach an ëmpesch Bauchposch, déi awer och gutt als Crossbodybag gedroë ka ginn.
Gréisst: ca 15x30x12 cm
Schnëtt Basy vun @bagoney
Update: d'Posch ass verkaaft
Dee Stoff mat den Hiesercher huet mer sou gutt gefall, an ech fannen och datt en dezent genuch ass fir eng Posch draus ze man, déi een net nëmmen ëm Ouschtere kann droen ;)
Et ass eng Bauchposch draus ginn, bei där een de Rimm ka verstellen, sou datt een se och als Crossbody-Posch kann droen.
Si gëtt mat enger Tirett zougemaach an huet hannen och nach een Tirettëfaach, wou een z.Bsp. gutt een Handy kann drastiechen.
Gréisst: 13cm x 26cm x 6cm
Schnëtt: Bauchtasche Lana vun @unikati
Dës Crossover Posch ass aus dem Buch: Lieblingsbegleiter.
Si ass engem knallege Leoprint Softshell gebitzt.
Gréisst: 40x20 cm
Update: d'Posch ass verkaaft.