Eng bësse méi grouss Handyposch mat ganz ville Gefaacher.
Schnëtt vun hold_it_right_there
Eng kleng léif Posch fir e Schof-Fan :)
Si gëtt mat enger Tirette zougemaach an huet och virdrop een Tirettefaach.
Gréisst: ca 26 x 19 x 7 cm
Schnëtt: Sunshine Pouch vun @Bagstock Designs
Wann een sech am Buttik net decidéiere kann, wéi ee Stoff da lo besser passt, hëlt een se einfach allen zwee mat - an et bitzt een zwou Poschen... ;)
Béid Poschen hu baussen 2 Tirettefächer a bannen 1 Tirettefach an 1 Faach fir eppes dran ze stiechen.
Gréisst: 29cm x 29cm x 12cm
Schnëtt: Leyra vun @unikati
Update: Posch a Pëschelche si verkaaft.
Schnëtt vun @unikati
D'Posch ass aus Kork a Softshell gebitzt an deelweis mat Vlies verstäerkt.
Gréisst: 29x29x12 cm
Bannen huet si nach een zousätzlecht Tirettëfaach an een einfacht Faach fir eppes dran ze stiechen. Zu dëser Posch fannt dir an der Rubrik "Necessairen" eng passend Kosmetikpëschelchen.
Update: d'Posch ass verkaaft.
Schnëtt vun @unikati
Dës Posch ass aus engem robuste Poschestoff, souwéi aus engem Dekostoff gebitzt a mat Vlies verstäerkt.
Gréisst: 29x29x12 cm Bannen huet si een zousätzlecht Tirettëfaach an een einfacht Faach fir eppes dran ze stiechen.