Eent vu mengen absolutte Liiblingsschnëttmuster.
Dës Kéier a méi däischteren Téin.
Schnëtt HoboBagHaya vun @unikati
Eng léif Bekannte krut vu senge Kanner ee Bong fir Mammendag geschenkt fir sech bei mir eng Posch no senge Wënsch zesummen ze setzen.
Ech fannen hatt huet sech ganz flott Stëffter erausgesicht an däerf elo seng nei Posch ausféieren ;)
Ech wënsche vill Freed domat :)
Schnëtt: Hobo Bag Haya vun @unikati
Dëse Set hunn ech fir eng ganz gutt Frëndin, wat ëmmer fir mech do ass, gebitzt.
D'Stëffter fir d'Posch huet hatt sech selwer rausgesicht, de klenge Necessaire an de Schlësselunhänger gouf et nach als kleng Iwwerraschung uewendrop.
Ech wënschen dir vill Freed domat :)
Schnëtter: Hoba Bag Haya a Little Bag Hira vun @unikati
Schnëtt vun @unikati.
D'Posch ass 34x36x10 cm grouss.
Si ass aus Kotténg a Konschtlieder gebitzt a mat Vlies verstäerkt. Si gëtt mat enger Tirett zougemaach. Baussen huet si een Tirettëfaach. Bannen huet si een zousätzlecht klengt Tirettëfaach an een einfacht Faach fir eppes dran ze stiechen.
Update: d'Posch ass verkaaft