Handgestéckte Schnoffeldicher fir de Puppelchen.
+/- 30cm x 30cm
Duebel gebitzt aus Musselin (double gauze).
Dës kleng Pëschelcher hu grad déi richteg Gréisst, fir dat Néidegst an d'Täsch ze stiechen:
Si hunn 2 Kaartefächer an 1 Tirettefaach fir Suen oder soss eppes.
Dës Ennersetzer si super fir ënnert d'Kaffis- oder Téitaass.
Vläicht eng Iddi fir Mammendag?
Déi eng sinn aus déckem Filz mat drop gepresstem Sproch,
déi aner aus 4-lagegem Patchwork aus Kotténg.
Alles ka gewäsch ginn.
Et sinn och nach aner Motiver do.
Dës rout Blumm hängt elo a menger Kichen.
Gréisst 40x100 cm
Gebitzt nom Schnëtt "Scrappy sunflowers" vu @lellaboutique
Mit dësem Dëschleefer hunn ech mer e bësse Fréijoer an d'Kiche gezaubert.
Gebitzt nom Schnëtt "Sprouts" vun @abrightcorner.
Dëse léiwe Kierfchen ass nom Schnëtt Verena vun @unikati gebitzt.
Verklengert op 75%
100% Kotténg mat Vlies verstäerkt.
Perfekt als Bunker fir Schockelaseeër ;) oder och als léif Verpackung fir een Ouschterkaddo.