Dës Patchworkdecken ass 100x110 cm grouss.
Si ass zu 100% aus Kotténg.
Si eegent sech gutt als Bettdecken, awer natierlech och als Krabbeldecken.
Schnëtt aus der Serie "littleanimalquilts" vum Annie Brady vu @bound_co
Dës Blummendecken asst 150x165 cm grouss.
Déi viischt an hënnescht Säite sinn aus 100% Kotténg gebitzt, si ass mat engem décke Volumevlies gefëllt, dofir eegent si sech wonnerbar als Krabbeldecken.
Schnëtt: "Fresh as a daisy" vu @penandpaperpatterns.
Dës Babydecken ass nom Schnëtt "Social Distanced Hugs" vu @missouriquiltco gebitzt.
Top 100% Kotténg, Back aus engem kuschelege Minky, keng zousätzlech Fëllung.
Gréisst: 90x125 cm
Dës Babydecken an Türkis-, Gro- a Brongtéin ass 105x105 cm grouss.
Top aus 100% Kotténg, Back aus kuschelegem Minky.
Schnëtt: Garden Path vum Amanda (Jedi Craft Girl) an Amber (Gigi's Thimble)
Dës Babydecken a Pink- an Naturtéin ass 86 x110 cm grouss.
Schnëtt: skylight vu Missouristarquiltco
Top aus 100% Kotténg, Back aus kuschelegem Minky.
Ideal fir Muppefrënn :)
Mäin Tase-Wandquilt fir a meng nei Kichen.
Schnëtt vum #sarahrosequilts
Gréisst: 68x68 cm
Dës Decken hunn ech no engem Schnëtt vu @piecedbrain gebitzt.
Ech hunn en e bëssen ugepasst, well ech all Stëffter déi ech vun där Serie hat, wollt dra verschaffen.
Top, Back a Fëllung aus 100% Kotténg.
Gréisst: 132 x 176 cm