Dëse Shopper ass aus Canvas a Kotténg gebitzt. En huet vir 2 schif geschnidden Astiechfächer, hannedrop een Tirettefaach.
E gëtt mat enger Tirette zougemaach an huet bannedran ee flott Astiechfaach mat Tirettefaach kombinéiert.
Mir hunn d'Faarwe ganz gutt gefall. Mir awer net eleng, well en huet ganz schnell eng nei Besëtzerin fonnt :)
Schnëtt: Taniia Bag vun @unikati
Dës grouss Posch ass ganz besonnesch duerch hir diagonal Ennerdeelungen. Si ass aus hellem Konschtlieder, engem feste Bliedercanvas an aus Kotténg gebitzt.
Vir an hanne ginn déi diagonal Astiechfächer mat engem Drockknapp zougemaach. Och bannendran ass een diagonaalt Astiechfaach an een Tirettefaach.
Passend dozou hunn ech eng Trousse gebitzt (apex.pouch)
Gréisst: 37 x 34 x 19 cm
Schnëtt: Apex.carry vun @incompletestitches
Dëse Shopper, oder Businessbag, huet immens vill Gefaacher mat Tirette an ouni, en ass och bannendran ënnerdeelt mat engem Trennfach mat Tirette.
Och eng Waasserfläsch huet Plaz dran.
Gréisst: ca 34 x 26 x 14 cm
Schnëtt Alabama22 vu @LilaMint Design
Dëse Shopper ass aus Konschtlieder, Canvas a Kotténg gebitzt, alles mat Vlies verstäerkt.
E gëtt mat engem Kordelverschluss zougemaach.
Bannendran si vill Stiechfächer an och ee Gedrénksfaach fir eng Fläsch mat virun ze huelen.
Baussen drop ass ee grousst Fächerfaach, hannen een Tirettëfaach.
Gréisst:ca 26x30x16 cm
Schnëtt: Mirella bag vun @unikati
Dat hei ass een zimlech grousse Shopper vun ca 32x38x10 cm. Do passt alles fir den Alldag dran ;)
En huet baussen a bannen Tirettefächer, bannen och een Astiechfach.
Ech hunn deen neie Schnëtt schonn 2 mol gebitzt, well e mir sou gutt gefält :)
Schnëtt Shopper Heidi vu @lederheidi
Dës Posch ass aus Konschtlieder, Kotténg an Dekoléngend mat engem Lavendelmotiv gebitzt. Si huet baussen drop 2 grouss Astiechfächer, hannen ass een Tirettefaach. Bannendran ass och een Tirettefaach an 2 kleng Astiechfächer.
Ech hunn hei fir d'éischte Kéier mat Konschtliederband geschafft, wat mat Nieten ugemaach ass. Dee laange Gurtband ass aus Kotténg.
Gréisst: 35 x 28 x 10 cm
Schnëtt: Camille Bag vun Georgia Girl Stitches
Dës Posch bitt sech als Schwammposch un, si ass baussen a bannen aus waasserofweisende Stëffter gebitzt. Baussen ass Softshell a Konschtlieder, bannen dran aus Duschrido-Stoff verbitzt.
Si huet bannen a baussen jeeweils een Tirettefaach, baussen drop sinn och nach säitlech 2 Täsche fir eppes dran ze stiechen.
Gréisst: 35 x 25 x12 cm
Schnëtt vu @schnabelinablog
An dëse Shopper aus festem Poschestoff, Camouflage-Canvas a Konschtlieder passt onheemlech vill dran. En huet baussen a bannen Astiechfächer an 2 Tirettëfächer. Bannen dran ass ee Karabiner wou een z.Bsp. d'Schlësselen oder déi dozou passend kleng Posch kann drun hänken. Zougemaach gëtt e mat engem Magnéitknapp.
Gréisst: 32/44cm x 14cm x 40cm
Déi dozou passend kleng Posch kann ee wéi gesot un de Karabiner bannendran hänken, oder baussen drun, awer si huet och ee laange Rimm fir se ëmzehänken.
Géisst: 15/21cm x 6cm x 20cm
Béid Posche kënnen natierlech eenzel genotzt ginn.
Schnëtt: oh_maggiii big+mini vun @oh_méela
Update: Déi grouss Posch huet eng nei Besëtzerin fonnt :)
Update: d'Posch ass verkaaft
Dëse Shopper mécht sengem Numm all Éier. En ass aus Konschtlieder, Kotténg a Canvas gebitzt, ausserdeem ganz staark verstäerkt.
D'Posch gëtt mat engem Magnéitknapp zougemaach. Vir an hanne sinn zwee Fächer. Bannen ass och nach ee Faach mat Tirett.
Schnëtt: Stand up & Tote vun @Andrie designs
Gréisst: 46x30x18 cm
Dës Posch ass mat hirer Gréisst vun 41x35x10 cm genau sou gutt op der Shopping-Tour ze droen, wéi och als deegleche Begleeder op de Büro.
Si gëtt mat enger Tirett zougemaach, huet baussen ee grousst Tirettëfaach, bannen een zousätzlecht klengt Tirettëfaach an ee klengt Faach fir eppes dran ze stiechen.
Schnëtt Shopper Oslo vun @unikati.