Mäin Numm ass Liz.
Eigentlich heeschen ech Astrid, mee well ech vu menger Famill schonn ëmmer an éiweg Liz geruff ginn, benotzen ech deen Numm och ganz gär.
Ech wunnen am Nord-Westen vu Lëtzebuerg a mäi gréissten Hobby ass d'Bitzen.
Ech ginn oft gefrot, wou mäi Logo-Numm Zwolli hierkënnt. Deen hunn ech mir scho viru Joeren erausgesicht, wéi ech nach just nëmme mat Woll Handaarbechte gemaach hunn. Dowéinst wollt ech onbedingt d'Wuert "Woll" a mäin Numm "Liz" dra veréiwegen. Also einfach den „z“ no vir geréckelt an d'Zwolli war gebuer.
Datt ech iergendwann sou geckeg nom Bitze géif ginn, hätt ech deemools nit fir méiglech gehal. Ech hat bis dohin näischt mam Bitzen um Hutt. „Schold“ drun ass eng meng Frëndin Annette, wat mech 2013 mat op eng grouss Foire geholl huet, fir do fir säi Woll- a Stoffbuttik anzekafen. Wat soll ech soen... ech war esou iwwerwältegt vun deene ville wonnerschéine Stëffter a vun der riseger Auswiel u Bitzmaschinnen, datt ech vun deem Moment u gepaakt war.
E puer Wochen drop hat ech meng éischt Bitzmaschinn kaaft, mech bei menger Frëndin mat Stoff agedeckt an ech hunn einfach lassgeluecht.
Mëttlerweil hunn ech mir doheem ee klengt Bitzzëmmer ageriicht an hunn nieft zwou Bitzmaschinnen nach eng Overlock an eng Coverlock. Ech muss zouginn, datt et awer seelen esou opgeraumt a mengem Zëmmer ausgesäit, wéi hei op der Foto. 🙃
Ech bitzen haaptsächlech Poschen a Patchworkdecken, heinsdo awer och Gezei.
Zanter Mee 2018 weisen ech een Deel vu menge Saache bei Instagram. Do fannt Dir mech ënner: @zwolli_handmade.
Juni 2021:
Een häerzleche Merci geet u meng gutt Frëndin Tessy, wat mir mäin neie Logo entworf huet. D'Schof huet misse sinn (dat ass eng aner Geschicht... 🙃), a glécklecherweis huet d'Tessy och nach eppes anescht gemoolt, wéi dat wat ech eigentlech gefrot hat 😉. Ech fannen, datt dat krauselecht Schof super bei d'Zwolli passt.
Gitt och gären eemol op säin Instagram Account @teschelonart kucken.